Welt
kanner
dag
20. November
20. November
Den 20. November ass de Weltkannerdag, de weltwäiten Aktiounsdag vun der UNICEF fir Kanner, vu Kanner. Op dësem Dag, dem Joresdag vun der Ënnerschrëft vun der Kannerrechtskonventioun, feiere mir d’Kannerrechter.
Egal, ob als Privatpersoun, als Entreprise, als Gemeng oder och als Schoul, jidderee ka beim Weltkannerdag matmaachen an op dës Aart a Weis en Zeeche fir d’Kanner an hir Rechter setzen. Heifir ginn et verschidde Méiglechkeeten: Dir kënnt entweder un eisem #GoBlue deelhuelen oder verschidden Aktivitéiten organiséieren.
Fir d’Kannerrechtskonventioun ze feieren, mécht d‘UNICEF all Joer am Allgemengen op d’Kannerrechter opmierksam a speziell op den Artikel 12, deen all Kand d’Recht garantéiert, gehéiert ze ginn an eng aktiv Roll an der ziviller Gesellschaft ze spillen.
Virun e bëssi méi wei 30 Joer hunn déi féierend Weltpolitiker sech fir e gemeinsaamt Zil agesat an hunn zesummen d’Konventioun adoptéiert. Dëse wichtegen Accord huet d’Liewe vu Millioune Kanner verännert.
Setzt en Zeechen, #GoBlue! Iwwer 100 Gebaier, ëffentlech Plazen a Monumenter goufen iwwer d’Jore blo beliicht, fir Solidaritéit mat de Kannerrechter ze weisen. Maacht mat, andeems och Dir Gebaier a Blo erstrale loosst oder Iech blo unditt. Dir kënnt och Bäiträg op Social Media verëffentlechen.
D’Gemengen: Bertrange, Bettembourg, Clervaux, Contern, Esch-sur-Alzette, Flaxweiler, Grevenmacher, Helperknapp, Hesperange, Junglinster, Kehlen, Leudelange, Luxembourg, Mertert, Mertzig, Niederanven, Pétange, Roeser, Schifflange, Schuttrange, Steinfort, Strassen, Walferdange, Weiler-la-Tour, Wincrange, Wormeldange | Arendt & Medernach | Art à l’école – AAE Cessange | Bank of China | Barreau de Luxembourg | B Medical Systems | Banque centrale du Luxembourg | BCEE | BGL BNP Paribas | CA Indosuez Wealth | Cactus | Centre culturel Aalt Stadhaus | Chambre des Députés | Château de Vianden | Château d’Urspelt | Cour Grand-Ducale | Crèches & Foyers Les p’tits bouchons | Crèches & Foyers de Jour Nascht | École de Musique Niederanven | École fondamentale Schoul Um Kiemel Wëntger | École Internationale Gaston Thorn | École Maternelle & Crèche Les Poussins | European Investment Bank | Foyer de jour Botterblumm | Foyer de Jour KidsCare | Fonds Belval | Fund Channel | JCDecaux Luxembourg | Judo Club Beaufort-Echternach | LEMON Event Support / MOAST Creative Studio | Les 2 Musées de la Ville de Luxembourg | Les Théâtres de la Ville de Luxembourg | Lifepartners Insurance & Solutions | lux-Airport | Lycée Classique de Diekirch | Maison Relais Ribeschpont | Maison Relais Reewiermecher | Maison Relais Wincrange | Meliá Luxembourg | MFS Investment Management Company (Lux) S.à r.l. | Ministère de la Mobilité et des Travaux publics | Musée d’Art de la Ville de Luxembourg | Peinture Wersant | Philharmonie Luxembourg | Quintet Private Bank | RTL Group | Schoul an der Dällt | SEA Bettembourg | Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois | The Luxembourg Bankers’ Association (ABBL) | Trifolion Echternach
Wann Dir wëllt beim GoBlue matmaachen oder eng aner Aktivitéit/en Event fir de Weltkannerdag wëllt organiséieren, da schreift Iech an eisen offizielle Kalenner an.
20. November
Merci un jiddereen, deen fir de Weltkannerdag en Zeeche fir d’Kannerrechter gesat huet an bei eiser La Ola Challenge matgemaach huet. Dobäi ass e super Video a ganz sécher déi längste virtuell La Ola vu Lëtzebuerg entstanen.
MERCI MERCI MERCI ! #uniceflaola
20. November
RTL Lëtzebuerg huet e Reportage doriwwer gewise wéi wichteg de Weltkannerdag ass a mat wéi ville Problemer d’Kanner weltwäit, trotz Kannerrechtskonventioun, konfrontéiert sinn.
20. November
Eis Youth Ambassadors hunn wärend dem Weltkannerdag eise Facebook & Instagram Account iwwerholl. Mir wollten hinnen eng Stëmm ginn an si iwwer Theme schwätze loossen déi hinnen um Häerze leien. #takeover
20. November
B Medical Systems hunn en Takeover mat Kanner organiséiert an zousätzlech Aktivitéite wéi de #GoBlue an d’#UNICEF Laola ënnerholl. Och hier Büroen an Indien hunn Sensibiliséierungssessioune proposéiert fir d’Schoulkanner iwwer hir Rechter ze informéieren.
20. November
Op RTL Radio Lëtzebuerg waren de ganze Weltkannerdag iwwer Messagen ze héieren, déi d’Stella, 7, d’Amelia, 10, de Finn, 12 an den Eli, 13, opgeholl hunn.
20. November
18. November
D’Videoanimatioun « Mir All hu Rechter! » sensibiliséiert Kanner vun 3 bis 6 op hir Rechter. Zesumme mam Liz a Leepa entdecken d‘Kanner d’Rechter vun der Kannerrechtskonventioun (duerch Geschichten, Animatiounen a Gesang). Déi lëtzebuergesch Versioun gouf realiséiert mat Hëllef vum Jang Linster.
17. November
D’Gemeng Weiler-la-Tour huet zesumme mat der Maison Relais “Bei de Steekauzen” e super flotte Video fir de Weltkannerdag opgeholl fir en Zeeche fir d’Kannerrechter ze setzen. Si ginn deene Jonken eng Stëmm! Villmools Merci un all déi Bedeelegt.
16. November
De Paul Heber (Kommunikatiounschef vum UNICEF Lëtzebourg) war Invité an der Sam Steen Show op RTL Today.
16. November
Dräi vun eise Jugendambassadeuren, d’Lilou (15), d’Hannah (17) an de Georg (17) waren Invitéen op Eldoradio fir iwwer hir Aarbecht mat der UNICEF ze schwätzen.
16. November
Cité judiciaire Lëtzebuerg
De YOUstice Workshop sensibiliséiert Jonker ab 15 Joer fir d’Justiz. Fir d’Grondiddie vun der Justiz ze verstoen, hunn d’Schüler*innen ee Strofprozess observéiert an dono an engem Rollespill d’Roll vun engem Acteur vun der Justiz iwwerholl. D’Thema: Violatioun vu Kannerrechter. Si haten och d’Geleeënheet mat engem Procureur, Riichter*in an/oder Affekot*in ze diskutéieren an iwwert d’Roll vun der Justiz an engem Rechtsstaat a generell iwwert d’Kannerrechter nozedenken.
Den Atelier gouf proposéiert a Collaboratioun mam Zentrum fir politesch Bildung an der Justizverwaltung.
15. November
Zwee vun eise Jugendambassadeuren, d’Vanessa (18) a de Philipp (17), sinn Invitéen an der RTL Morningshow, fir iwwer d’Rechter vun de Kanner an hir Aarbecht mat der UNICEF ze schwätzen.
Organiséiert vun UNICEF Lëtzebuerg, ënnert dem Patronage vum MENJE (Service des droits de l’enfant), freet dëse Concours Kanner a Jugendlecher, wéi si sech d’Schoul vu muer virstellen, a bitt hinnen d’Méiglechkeet hir Visiounen, Wënsch an Erwaardunge fir d’Zukunft auszedrécken.
D’UNICEF Täschebuch vun de Kannerrechter erklärt déi 54 Artikele vun der Kannerrechtskonventioun. Mir proposéieren 2 Versiounen: eng fir Kanner vu 6 bis 12 Joer an eng fir Jugendlecher ab 12 Joer.
Aalt Stadhaus, Amii Watson, APECB, B Medical Systems, Babilou Family Luxembourg, Banque Internationale à Luxembourg – Bil, Banque Raiffeisen, BGL BNP Paribas, Bram City Concorde, Cactus, Car Car by Sam, CFL, Commune de Bertrange, Bettembourg, Clervaux, Dippach, Frisange, Helperknapp, Junglinster, Mamer, Mondorf-les-Bains, Niederanven, Pétange, Schengen, Weiler-la-Tour, Connexion, Crèches et foyers de jour Butzemillen, Dammenturnveräin Bouserdall, Deloitte Luxembourg, Ecole fondamentale Angelsbierg, Ecole fondamentale Gilsdorf, Ecole fondamentale Weiler-la-Tour, Ecole privée Sainte-Anne, Eldoradio, European School of Luxembourg I, FC Déifferdeng 03, FC Käerch, Fonds de Belval, Fund Channel, ING Luxembourg, IP Luxembourg, JAF Luxembourg, Janette Magazine, Lënster Lycée International School, Lifepartners Insurance & Solutions, Lycée classique de Diekirch, Lycée Ermesinde, Lycée technique du Centre, Maison Relais « Bei de Steekauzen », Maison Relais « Reewiermecher » Alzéng, MOAST Creative Studio, Moniflo, Musée national d’histoire naturelle Luxembourg, Nouvelle école fondamentale Schouweiler, Ordre des Avocats du Barreau de Luxembourg, Quintet Private Bank, RTL Group, Rudi Weber Reparaturen, Sportlycée Lëtzebuerg, Sub Aqua Readenge sur Attert – SARA, Tessy Antony de Nassau, Theaterveräin Bouser Spektakel, Trifolion Echternach, Veiner Schull, Vianden Castle, VIBBALL Echternach, Ville d’Ettelbruck, Ville de Grevenmacher, Ville de Luxembourg.
UNICEF Lëtzebuerg
6, rue Adolphe Fischer
L-1520 Luxembourg
Tel.: (+352) 44 87 15
Email: contact@unicef.lu